Geschicht vum Club

Den éischten Basketballclub zu Lëtzebuerg gouf 1932 zu Beetebuerg vum Léon Brosius gegrënnt. Den KJ Beetebuerg (Katholischer Jünglingsverein Bettemburg) gouf 1934 embenannt zum CSC Nitia Beetebuerg. Den Club war fir eng lang Zäit den eenzegen Club zu Beetebuerg. 1945 gouf dunn den zweeten Basketballclub zu Beetebuerg gegrënnt, den BBC (Basket-Ball-Club de Bettembourg).  Am Joer 1968 hun dei zwee Cluben dunn fusionéiert zum BBC Nitia Beetebuerg.

 

 

Den beetebuerger Basketball ennert verschiddenen Nimm:

 

1932-1933            :               KJ Beetebuerg (Katholischer Jünglingsverein Bettemburg)

1934-1941            :               CSC Nitia Beetebuerg (Cercle Sportif Catholique Nitia)

1942-1945            :               Sportverein für Basketball und Fussball Bettemburg

1945-1955            :               C.S. Sporting Nitia Beetebuerg, section football, section basketball... et 

                                               Basket-Ball-Club de Bettembourg (BBC)

1955-1967            :               Sporting Nitia Beetebuerg et Basket-Ball-Club de Bettembourg (BBC)

1967-1968            :               C.S. Nitia Beetebuerg (Cercle Sportif Nitia) et

                                               Basket-Ball-Club deBettembourg (BBC)

à partir de 1968 :                 BBC Nitia Beetebuerg (Beetebuerger Basket Club Nitia)

 

 

Beetebuerg war 17 mol lëtzebuerger Champion an huet 15 mol Coupe gewonn, dei ereicht seit 1954 Coupe de Luxembourg heescht.

 

Champion de Luxembourg:

1934, 1935, 1936, 1937, 1938, 1939, 1940, 1945, 1946, 1947, 1948, 1949, 1950, 1951, 1953, 1954, 1955

Challenge Hartmann:

1934, 1936, 1938, 1939, 1940

Coupe de la Fédération:

1946, 1947, 1948, 1949, 1951, 1952, 1953

Coupe de Luxembourg:

1954, 1958, 1968

 

 

Den BBC Nitia huet 2007 sei 75ten Anniversaire gefeiert. Dëst Joer 2017 feiert den Club seng 85 Joer.

85 Joer Basket zu Lëtzebuerg. 85 Joer Basket zu Beetebuerg.