Sponsoren

1. Plaaz fir eis Poussins um Tournoi des Jeunes!

 

 

 

Kommend Eventer

join us

1. Plaaz fir eis Poussin um Mini-Europe zu Esch

OPGEPASST :

 
 

Mir, de Comitee vum Beetebuerger Basket Club, wollten Iech informeiren, dass d'Trainingen  vum 1. September un nees ulafe wäerten. Dëss Trainingen ënnerstinn awer de Reegelen déi ee wéinst dem Covid-19 strengstens anhale muss:

 

 

  1. Desinfizéiere vun den Hänn ass obligatoresch an der Entrée.

 
  1. Droë vun der Mask ass obligatoresch soubal ee sech deplaceiert an d'Distanz vun 2 Meter

    muss permanent agehale ginn. Dëst fällt bei der sportlecher Aktiviteit ewech.

 
  1. Den Accès an d’Vestiairen an d'Duschen ass limitéiert. Déi maximal Unzuel vu Leit déi

    zougelooss sinn ass afficheiert.

 
  1. Den Accès zu den Tribünen ass och limitéiert. Déi maximal Unzuel vu Leit déi zougelooss sinn an d’Reegelen déi do gëlle sinn och affichéiert.

 
  1. D’Buvette um 1. Stack vun der Sportshal wäert bis op Weideres zou bleiwen an

    d’Consommatioun um Comptoir ass verbueden.

 

Eise Club, eis Memberen, eis Traineren an natierlech och eis Spiller bieden ëm ärt Versteesdemech an hoffen, dass mer zesummen déi Zäit sou gutt wéi méigelech a mat Respekt fir déi virgeschriwwe Reegelen iwwerstoë wäerten.